Indivision successorale
2018-01-08
Wann een alleng Ierwen ass huet een verschidden Problemer net, ënner anerem de Problem vun der Indivision successorale: wann een an enger Ierfschaft zu e puer zesummen eppes ierft, ass een zesummen Propriétaire, an et ass een also an enger sou genannter Indivision, well déi Objets eben net verdeelt sinn.
1. Muss een an sou enger Indivisioun bleiwen?
Neen, et kann am Prinzip kee gezwongen ginn an esou enger Indivisioun ze bleiwen, et kann een froen datt eng Opdeelung kennt.
2. Gin et awer Fäll an deenen een, wéinstens fir eng gewëssen Zäit, an esou enger Indivisioun fest stécht?
Jo, dat ka sinn.
Vum Prinzip hier huet een d ‘Recht den Partage ze froen, ausser:
- Wann d ‘Ierwen sech per Kontrakt dozou verflichten fir eng gewëssen Zäit kee Partage ze froen.
- Wann d ‘Gesetz Ausnamen virgesäit
3. Wéi eng Ausnamen gesäit d ‘Gesetz fir?
- Wann d ‘direkt Opdeelen riskéiert en negativen Effet op de Wäert vum Objet ze hunn, zum Beispill wann een eng Immobilie hätt an dee Moment wär net vill Demande do, an doduerch géif de Wäert extrem gedréckt ginn.
An deem Fall kennen een oder méi ierwen de Sursis vun der Opdeelung bei Geriicht froen, an dee Sursis gëtt fir maximal 2 Joer accordéiert, wann d ‘Geriicht et iwwerhaapt gerechtfäerdegt fënnt.
- Wann ee vun den Indivisairen en Bauerebetrib wéilt iwwerhuelen awer dat eréischt an den nächsten 2 Joer kann maachen, kann e Sursis fir maximal 2 Joer gefrot ginn. Dat wier de Fall wann ee vun den Ierwen amgaang wier Landwiertschaft ze studéieren fir de Betrib ze iwwerhuelen, awer nach net ganz fäerdeg wier mat sengen Studien.
4. Blockéiert esou en Sursis d ‘Opdeelen vun der ganzer Ierfschaft?
Nee, och wann elo een Objet net kéint opgedeelt ginn aus engem vun deenen Grënn kann de Rescht awer gedeelt ginn.
5. Wann gedeelt gëtt, muss dann ëmmer jiddereen seng Deel kréien?
Wann méi wéi 2 Ierwen do sinn, kann et sinn datt der 2 an Indivisioun bleiwen wëllen, an en 3. erauswëllt. Dat ass méiglech. Entweder kann een dann zum Beispill am Fall vun enger Immobilie en Deel oftrennen, wann dat méiglech ass, oder awer deen 3. ausbezuelen. Fir datt deen net schlecht ewechkënnt gëtt d ‘Valeur vun der Immobilie per Expertise ermëttelt.
Et ass d ‘Geriicht wat an deem Fall décidéiert op alles gedeelt gëtt oder op d'Indivisioun tëscht deenen 2 bestoen bleift déi dat gefrot haten. Dofir ginn d ‘Motiver vun den Ierwen déi sech opposéieren gekuckt, souwéi dat wat am beschten ass fir Ierfschaft.
6. Ginn et Fäll wou ee keng Opdeelung ka maachen?
Jo, et gi Fäll wou et vum Gesetz oder der Jurisprudenz hier onméiglech ass eng Opdeelung ze maachen, an dat sinn generell Fäll di net direkt eppes mat enger Ierfschaft ze dinn hunn. Et sinn dëst:
- Quote-parts an den Partie-communes vun engem Appartementshaus
- Halbscheitlech Maueren, Planzen a Grief
- Weeër, Häff, Kanalisatioun etc déi néideg si fir e puer Immobilien ze erreechen oder ze versuergen. De Critère deen hei gekuckt gëtt ass deen op eng Noutwennegkeet besteet fir eng Immobilie kennen ze notzen.
7. Kann en Ierwen sain Deel vun esou enger Indivisioun verkafen?
Jo, dat ass méiglech. Entweder un di aner Ierwen oder un eng Drëttpersoun. An dësem Fall hunn di aner Ierwen awer en Virkafsrecht, an se kennen zu deenen Konditiounen wou eng Drëttpersoun offréiert huet kafen.
Esou eng vente kann och iwwert eng Stee gemaach ginn. An deem Fall informéiert den Notaire di aner Ierwen di entweder kennen mat Steën oder, nodeems se d ‘Resultat vun der Stee kennen, décidéieren fir dee Präis ze kafen.
Wann d'Virkafsrecht net respektéiert ginn ass kann de Verkaf annuléiert ginn. Dëst muss innerhalb vun 5 Joer no der Vente gefrot ginn.