Back

Rub Succ 23 - De Legs à titre universel an de Legs particulier

2020-02-28

De Legs à titre universel an de Legs particulier

Di leschte Kéier hate mer vum Universalvermiechtmes geschwat, den Legs universel,

wou eng Persoun potentiell kéint alles ierwen wat en Verstuerwenen hat.

1. Wéi eng Zort Legs gëtt et dann nach ?

Et gëtt zum Beispill nach den Legs à titre universel

Deen deen en Legs à titre universel kritt ass deen deen en gewëssen Deel vun der

Quotité disponibel kritt.

Dat kann dee sinn

- deen eng Quote part (1/3, 1/10, eng Halschent etc) vun der Quotité disponibel kritt

- deen all d’Immobilien kritt

- deen all d’Meubles,

- deen eng Quote part (1/2, 1/3, …), also eng gewëss fix Quantitéit vun allen

Immobilien kritt

- deen eng Quote part (1/2, 1/3, …), also eng gewëss fix Quantitéit vun allen Miwwelen

kritt.

2. Kritt hien dat dann automatesch?

Neen, den Légataire à titre universel muss d’Réservatairen, oder den Universalierwen

oder di aner Ierwen di vum Gesetz virgesi sinn froen datt hien säin Legs ausgehännecht

kritt.

Hien huet d’Friichten vun deem wat en ierft ab dem Stierf Datum ze gutt, wann en

d’Aushännegung innerhalb vun engem Joer ab dem Dout freet.

3. An wann eng Schold do ass?

Dann muss den Légataire à titre universel déi Scholden matdroen, proportional par

rapport zu deem wat hien kritt huet. Wann en also zum Beispill 5/8 vun der Ierfschaft

krut, muss en och 5/8 vun der Schold droen, awer just bis zu deem Montant deen hien

kritt huet.

4. An wann een dann nëmmen punktuell eppes kritt?

Dann schwätzt een vun engem Légataire à titre particulier: dat ass zum Beispill deen

deen den Auto kritt, präzis Bijouen, e gewëssent Bild, all d’Immobilien an engem

gewëssen Duerf, all d’Miwwelen an engem präzisen Haus etc

Also alles wat determinéiert ass oder kann determinéiert ginn.

5. An wéi kritt en dann déi Saachen ?

Den Légataire à titre particulier muss froen datt säin Undeel un der Ierfschaft him

ausgehännecht gëtt (délivrance de legs, amiable oder iwwert d’Geriicht), obwuel en

ab dem Stierf Datum Propriétaire ass.

Hien huet d’Friichten vun deem wat en ierft am Prinzip ab deem Dag ze gutt wou en

déi Aushännegung freet, oder deen Dag wou en se fräi wellech zougesprach krut.

En huet d’Friichten awer ab dem Stierf Datum ze gutt wann dat esou am Testament

virgesinn ass, oder wann et sech beim Legs particulier em eng liewenslaang Rent oder

em Alimenter handelt.

6. Kann den Légataire à titre particulier dann och fir Scholden haftbar gemaach

gin ?

Nee, den Légataire à titre particulier muss net fir Scholden an Käschten vun der

Ierfschaft opkommen.

Mä wann awer eng Schold op deem waat en ierft drop ass, dann muss en déi awer

bezuelen. Wann en also zum Beispill eng Immobilie kritt an op daer ass nach Schold

drop, dann muss hien déi Schold weider bezuelen.

7. Kann dann den Légataire à titre universel oder den Légataire particulier

eventuell alles kréien wat an der Ierfschaft dran ass ?

Nee, nëmmen den Universal ierwen, also den Légataire universel kann eventuell

Ierwen vun allem ginn wat an der Ierfschaft dran ass. Wann zu Beispill engem Légataire

à titre universel säin Legs null an nichteg ass, dann geet deenen aneren Légataires à

titre universel (wann der dann do sinn) hier Deel net doduerch an d’Luucht.

Download
© Copyright 2025 by edutec.lu. All rights reserved.