D’Adoptioun an d’Ierfschaft
2019-02-24
1. Wéi eng Zort Adoptiounen gëtt et zu Lëtzebuerg ?
Zu Lëtzebuerg gëtt et zwou verschiddenen Zorten Adoptiounen : d’Adoption simple an d’Adoption plénière.
2. A waat ass den Ënnerscheed tëscht deenen zwou Adoptiounen?
Et ginn Ënnerscheeder betreffend d’Kritèren ënnert deenen een di eng oder aner Adoptioun kann maachen, mä virun allem gëtt et en Ënnerscheed an de Konsequenzen:
a) D’Adoption plénière ass di « klassesch » Adoptioun, wou d’Kanner komplett an nëmmen nach zu der Adoptivfamill gehéieren, an all Liens mat hirer initialer Famill verléieren.
b) Bei der Adoption simple kritt een nach eng Famill dobäi: et bleiwen Liens mat der aaler Famill bestoen an et kommen familiär Liens mat der Adoptivfamill dobäi.
3. Wat sinn d’Konsequenzen um Niveau Ierfschaft am Fall vun enger Adoption pléniaire?
Bei enger Adoption pléniaire verléiert d’Persoun all Liens zu senger originairer Famill an ass och keen réservatairen Ierwen méi, a gëtt och vum Gesetz hier net méi als Nokommen deen automatesch e Recht op eng Ierfschaft hätt ugesinn. Deen deen par Adoption pléniaire adoptéiert gouf gehéiert voll a ganz wéi en biologescht Kand zu senger Adoptivfamill an kritt do och all Rechter a Pflichten, an huet also och e Recht op seng Réserve héréditaire.
4. Wat sinn d’Konsequenzen um Niveau Ierfschaft am Fall vun enger Adoption simple?
Bei der Adoption simple ass et e bësse méi komplizéiert: An deem Fall behält een jo seng familiär Liens mat senger originairer Famill, et kritt en eben nach eng Famill dobäi. Et bleift een also och Ierwen an senger initialer Famill, mä et gëtt een och Ierwen an der Adoptivfamill.
6. A wann en zum Beispill eng Immobilie gierft hat an déi verkaf huet?
An deem Fall spillt de Retour legal net, well den Objet net méi als solchen an sengem Besetz ass.
7. Wat war dann dem Gesetzgeber seng Iddi fir dat esou virzegesinn?
Et ass dem Gesetzgeber hei drëm gaang fir sécher ze stellen datt Objet s di enger Famill gehéieren och an där Famill bleiwen, an net duerch eng Adoption simple op eemol an eng aner Famill iwwerginn.